HAXPAXMAX

08/10/17

  Oder:  Hokuspokus Fidibus ,  Abracadabra ,  Simsalabim ,  Ciáralo - Báralo  oder och nach  Schlaangenee a Moukendreck!... vill vun deen SprĂ«ch goufe scho gehĂ©iert, vill nei Wiese goufen entdeckt an dĂ©i gelungensten Ecke vum ZauberbĂ«sch erfuerscht.

Do hu Mënschen sech an Déieren an Déieren sech a Mënsche verwandelt, et gouf mol eppes eweg, mol eppes dobäi gezaubert. Eemol war herno rem alles ewéi virdrun, an eemol ass den Zauber fir ëmmer bliwwen.

"Dat ass dach alles guer net méiglech!"?? Dass dee Sproch net gëllt, dat hu mer schon d'lescht Saison gesinn an héieren... a fir déi, déi nach ëmmer zweifelen, setze mer dofir nach en zweeten Tour dobäi! Zaubergeschichte ginn et nach ganz vill op der Welt, an am allerléifste krauchen se a kleng an a grouß Oueren a loossen sech weidererzielen!

» Loin de la surstimulation multi-sensorielle, la conteuse Betsy Dentzer évoque des univers fantasmagoriques avec juste ... des mots au Théâtre des Capucins. Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land à propos de An 80 Märercher ronderëm d'Welt

» Sparsam mit Gesten, aber ausdrucksstark mit der Stimme, erzählte die junge Frau und erzählte, und die Kinder hingen an ihren Lippen. Uli Botzler, Telecran zu An 80 Märercher ronderëm d'Welt




1 Sonnden am MountVun 4 bis 99
Dauer 50 Minutten
Op Lëtzebuergesch5 € fir Grouss a KlengAm Kapuzinertheater / FoyerSonnden 8. OKTOBER 2017 um 11h00 (tickets)
Sonnden 5. NOVEMBER 2017 um 11h00 (tickets)
Sonnden 3. DEZEMBER 2017 um 11h00 (tickets)
Sonnden 14. JANUAR 2018 um 11h00 (tickets)
Sonnden 11. FEBRUAR 2018 um 11h00 (tickets)
Sonnden 18. MĂ„ERZ 2018 um 11h00 (tickets)
Sonnden 15. ABRĂ‹LL 2018 um 11h00 (tickets)
Sonnden 6. MEE 2018 um 11h00 (tickets)
Sonnden 10. JUNI 2018 um 11h00 (tickets)