Rumpelstilzchen

17/12/17
index


Märercher rem nei opliewen ze loossen, a Lëtzebuerger Sprooch, dëst war, viru méi wéi 40 Joer, zu enger kuerzlieweger Traditioun ginn. Den Norbert Weber huet seng Stécker zwar "Soe" genannt, et waren awer de Rumpelstilzchen (1961), d' Rabonzel (1962) an d' Schnéiwittchen (1964), dei ënnert dem Eugène Heinen senger Direktioun op d'Bühn vum Groussen Theater bruecht gi sinn.

Am Zesummespill vun engem Auteur an engem Metteur en scène, an dësem Fall dem Ian De Toffoli an dem Myriam Muller, gëtt dës Traditioun elo erëm opgeholl an d'Fro vum Neischreiwe un enger uraler Geschicht fir den haitegen Theater gëtt nach emol nei gestallt. Well näischt ass manner festgefruer ewéi e Mäerchen oder e Mythos. Et sinn déi eelste Geschichten, mee et sinn och Geschichten déi oft nei erzielt, ëmgewandelt a -gesponne goufen. All Zäitalter huet dës éiweg Geschichten nei erfonnt, an se u seng eegen Aktualitéit gebonnen, dat heescht, all nei Äusserung erzielt am Fong méi iwwert haut, wéi iwwert Vergaangenes. E Mäerche spigelt ëmmer d'Essenz selwer vun der Welt wéi se grad ass ërem.

De Rumpelstilzchen ass zwar eent vun de bekannteste Märercher aus der Sammlung vun de Bridder Grimm, et ass awer och eent vun deene méi kuerzen, an deem Senn datt, anescht wei bei de grousse Geschichten, d'Figuren zwar eng schnell faassbar archetypesch Funktioun hunn, mee relativ weineg psychologesch Déift. De Kinnek ass giereg, d'Duechter en Opfer, de Rumpelstilzchen, dei iwwernatierlech Hëllef, déi als Echange fir en Déngscht der frësch gekréinter Kinnigin hiert eegent Blutt freet.

Oder ass dës Geschicht och emol anescht ze verstoen? Ween ass déi Kreatur, dei sou eleng am déiwe Bësch wunnt a wat well si mat der Kinnigin hirem Kand? Si ass friem, lieft ausserhalb vun den ons bekannte gesellschaftleche Strukturen, verkierpert wëll Naturelementer an dach schéngt si sech Kompanie ze wënschen. Firwat vergësst d'Kinnigin hiert Verspriechen oder mengt et sou onbestrooft kënnen ze briechen? Gefält hier op emol déi ganz Opulenz? A wéi enger mësslecher Lag ass de Kinnek a säi Kinnekraich, datt hien sou dréngend Gold brauch?

An dĂ«ser Neischreiwung vun engem bekannte Märchen  geet et also och Ă«m e Verstoen, Ă«m e VerdĂ©iwe vu Motiver, dĂ©i mysteriĂ©iser net kĂ©inte sinn. Et geet drĂ«ms Erzielmuster ervirzehiewen - wat maache Muecht, Gier, Angscht, eleng sinn, mat engem?

Wann een d'Relatioun tëscht der Mëllerduechter an dëser iwwernatierlecher Kreatur nei erzielt, weiderspënnt, weiderdenkt, da stéisst een trotzdem, automatesch, ëmmer ërem, op déi ural Kämpf, tëscht ënnerem Stolz an dem Wonsch no Gebuergenheet, tëscht der Zivilisatioun hirem dënne Mask an de verwëlderte Kräften déi eis dreiwen, oder tëscht - wa mer am technesche Langage vun haut bleiwen - Créanciers an Débiteurs.




Mam Larisa Faber, Fabio Godinho, Elisabet Johannesdottir, Marco Lorenzini, Jean-Paul Maes, Pitt Simon, Raoul Schlechter, Brigitte Urhausen Regie Myriam Muller
BĂĽhn Anouk Schiltz
Filmopnamen Christophe Wagner
Video Benoît Simon
KostĂĽmer Caroline Koener
Musék Bernard Valléry
Luucht Philippe Lacombe
Regieassistenz Daliah Kentges Produktioun Les Théâtres de la Ville de Luxembourg
Koproduktioun Théâtre d'Esch, CAPE - Centre des Arts pluriels EttelbruckVendredi 15  DÉCEMBRE 2017 Ă  20h00 (tickets)
Samedi 16  DÉCEMBRE 2017 Ă  20h00 (tickets)
Dimanche 17 DÉCEMBRE 2017 à 17h00 (tickets)

DURÉE environ 1h50 & entracte Aféirung zum Stéck vum Här Ian De Toffoli allkeiers eng hallef Stonn virun der Virstellung
Adultes 25 €, 20 €, 15 € / Jeunes 8 € / Kulturpass bienvenu
Lieu: Grand Théâtre / Grande Salle