De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen (© J.Unsen)

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen

Summary

(Unfortunately this text does not exist in English.)

Kannerlidder aus Lëtzebuerg an aus der ganzer Welt. E Matmaach-Concert fir Kanner vu 4 bis 9 Joer an hir Elteren. Am Kader vum Cube sengem 10. Gebuertsdaag entféieren d'Berliner Pyromantiker Iech uschléissend nach op eng Rees voller Iwwerraschungen!


More information

(Unfortunately this text does not exist in English.)

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswassermatrousen komme vun enger laanger Rees nees zeréck Heem op Lëtzebuerg. Hiert Häerz ass voller Musek an de Kapp ass voller Erënnerungen un d’Länner déi si gesinn hunn. Ma doheem ass et awer am schéinsten an dofir wëlle si mat hire Frënn e grousst Fest feieren. An Dir sidd invitéiert!

De Kapitän Mullebutz, d’Madame Li an d’Séisswassermatrousen sange flott Kanner- a Wanterlidder vun heiheem an aus frieme Länner. D’Lidder erziele vun den Abenteuer déi si erlieft hunn, vum Liewen u Bord a wat ee brauch fir e richtege Matrous ze sinn.
Mat bekannte Vollekslidder & Lidder vum Pir Kremer/Jempy Kemmer, Toni Schuster/Marcel Reuland, Michel Lentz, Georges Urwald, Romy Grangenet a Ralph Kilburg an anerer. Op lëtzebuergesch a fir jidderee vu 4 Joer un.

Besetzung:
Dan Tanson – Iddi, Konzeptioun a Gesank
Georges Urwald - Arrangementer, Piano, Akkordeon, Klackespill
Christian Peckels / Paolo Simoes - Gittar                                 
Tom Wiot - Bassgei
Jhang Kohnen - Trompett          
Noemie Leer - Gei a Gesank          
Gast Gnad - Trombonn
Max Sauber – Getrommels
Paul Dahm / Jessica Quintus - Saxophonen                     
Georges Majerus - Tountechnik         
Arend Herold – Produktiounsleedung
Milla Trausch – Bléck vu baussen
Aline Janssens – Gesankscoach
Claude Grosch - Visuals          
Joey Adam – Kostümer

Théâtres de la Ville – Produktioun
Chantier Mobile asbl – executiv Produktioun

Mat der Ënnerstëtzung vum MINISTÈRE DE LA CULTURE, Fondation Indépendance, SACEM.
Foto: J.Unsen


Contact information for this event

Phone: 00352521521
E-mail: info@cube521.lu
Internet: www.cube521.lu


Share this information

 
Address and map

1-3 DRIICHT
L-9764 MARNACH
Luxembourg


Display on the map
When
Date(s) and time(s)

01-07-2017

16:00
Saturday, 01-07-2017


Add to my calendar
entry fee(s)

12€ (Erwachsene)
10€ (Cube Card)
6€ (<26 Jahren)

Tickets

01-07-2017 16:00
Tel: 00352521521

For the advanced search select:

Events or Addresses

connect with culture