zoom

zoom

Unpaper

More information

(Unfortunately this text does not exist in English.)

VERNISSAGE
Donnerstag, 8.12.2016 um 18h30
 
ÖFFNUNGSZEITEN
Dienstag-Samstag von 14h00-17h00
D'Saachen déi vum Julie Conrad Design Studio entworf gi, sinn enk mat Lëtzebuerg verbonnen: D'Julie huet no senge Studien zu Paräis decidéiert op Lëtzebuerg zeréck ze kommen an hei Produiten ze entwerfen déi nach ganz hei produzéiert ginn. Déi éischt Kollektioun "Unpaper" spillt hei mat engem Material dat Dupont de Nemours zu Contern hierstellt: den Tyvek gesäit aus wéi Pabeier, ass awer räiss- a waasserfest. D'Miwwel a kleng Objeten aus dëser Kollektioun gesinn also fragil aus, se sinn et awer net. Dozou kënnt datt een se diebelen a verännere kann. Design aus Lëtzebuerg: vu klengen Objete wéi Poschen a Portemonnie bis hin zu Miwwel.

D'Julie Conrad, gebuer zu Lëtzebuerg 1988, huet säin Diplom am Art Design op der Schoul Créapôle zu Paräis 2012 mat Félicitations du Jury bestanen. Hatt huet Erfahrung gesammelt während Stagen a Kollaboratioune mat verschiddene Firmen an Designstudioen: Ferrero (Arel), Acer (Paräis), MIO (Philadelphia) an Designtree (Neiséiland), ënnert Aneren. Interesséiert un dem Spill tëscht Handwierk an industrieller Produktioun, mat engem Hang zu ökologeschen Designsolutiounen, grënnt hatt säin Design Studio mat engem Fokus op Miwwel, Accessoiren a Raumgestaltung zu Lëtzebuerg am August 2013. Am Zentrum vu senge Kreatioune sti Materialproprietéiten a Funktionalitéit, gekoppelt mat Storytelling.
Workshop fir Kanner ab 6 Joer: Pabeierdesign
Workshop fir Kanner ab 3 Joer: Pabeierdesign 


Related organisations

- Kulturhaus Niederanven asbl., NIEDERANVEN - Luxembourg


Share this information

 
Address and map

145 ROUTE DE TREVES
L-6940 NIEDERANVEN
Luxembourg


Display on the map
When
Date(s) and time(s)

08-12-2016 - 23-12-2016

14:00 – 17:00
18:30
08-12-2016 14:00 – 17:00
08-12-2016 18:30
more


Add to my calendar
entry fee(s)

free

For the advanced search select:

Events or Addresses

connect with culture