zoom

zoom

Performance - E Monolog

Slideshow
zoom
zoom

More information

(Unfortunately this text does not exist in English.)

De Benoît Pleimer schafft op der Bank.

De Benoît Pleimer ass an enger gutt beduchter Famill opgewuess. Do krut en alles wat e wollt, just net dat, wat e gebraucht huet.

Haut den Owend erklärt en, firwat en do steet, wou en elo steet - ass et wéinst senger Mamm? deem kranken Organismus, dee mer Gesellschaft nennen? der Relioun ? oder well e, wéi e kleng war kee "Fernseh" huet dierfe kucken, well "Fernseh" ass fir déi, di op där anerer Säit vum Ënnerscheed liewen: "d'Locatairen", d'Aarbechter, d'Auslänner...

Wéi gesot, de Benoît Pleimer schafft op der Bank.

An haut den Owend ass e mi laang bliwwen. E wäert och bis muer de Moien do net fortgoen. A wann en da geet, da fir richteg, a mat him nach e puer anerer. Esou wéi et ausgesäit och seng Mamm.

Mee vläit ass dat, wat de Benoît virhuet, jo « just », wéi e seet, eng Performance. Just eben eng mat engem Klabes an der Hand.
Spill:
Jules Werner
Text: Guy Helminger
Inszenéierung: Anne Simon
Bühn: Anouk Schiltz
Produktioun: Théâtre du Centaure, KHN
Opféierungen am Théâtre du Centaure: 18-30.11., 1-4.12.2016 (www.theatrecentaure.lu)
Opféierungen am CAPE: 15.12.2016 (www.cape.lu)


Related organisations

- Kulturhaus Niederanven asbl., NIEDERANVEN - Luxembourg


Share this information

 
Address and map

145 ROUTE DE TREVES
L-6940 NIEDERANVEN
Luxembourg


Display on the map
When
Date(s) and time(s)

09-12-2016 - 10-12-2016

20:00


Add to my calendar
entry fee(s)

free

Tickets

09-12-2016 20:00

For the advanced search select:

Events or Addresses

connect with culture