Liewensfrou Poster

Liewensfrou Poster

Hëllef, mär hu Suen!

Produktioun : Liewensfrou
Koméidistéck

More information

(Unfortunately this text does not exist in English.)

Suen huet een ni genuch! A wann ee keng
Iddi huet, mä eng Kopiesmaschinn, ass
d’Versuchung grouss fir séier räich ze ginn …

Leider ass Falschgeld hei am Land nach
ëmmer verbueden! Mä wat mécht een dann
ob eemol elo mat all deene ville falschen
Euroen, déi ee mat Léift hiergestallt huet? Wéi
gëtt een hinnen nees diskret lass? Zemools
wann ee motivéierte Kommissär hannert
engem ass?

Ob all dës Froen huet d’Escher Liewensfrou
am Mee eng Äntwert wann si hir nei
Produktioun am Escher Theater opféieren.
Genee ewéi d’lescht Joer hu si sech och
dëst Joer virgeholl d’Leit zum Laachen ze
bréngen …

Hëllef, mär hu Suen ass ee Koméidistéck
vum Marc Weidert fir all déi Leit, déi wëlles
hunn nees emol fir en Owend ofzeschalten,
hir Suergen op grouss oder kleng
ze vergiessen …

Regie :
Marc Weidert
Musek :
Federico Menichetti
Bühn/Dekor :
Fabrice Genot & Sandra Petterson
Mat :
Brigitte Bintz, Lynn Ceccotto,
Sylvie Ewen, Pier Lorang,
Alain Post, Mike Roderes


Related organisations

- Théâtre municipal d'Esch-sur-Alzette (organisation), ESCH-SUR-ALZETTE - Luxembourg


Share this information

 
Address and map

122 rue de l\'Alzette
L-4010 ESCH-SUR-ALZETTE
Luxembourg


Display on the map
When
Date(s) and time(s)

26-05-2017 - 27-05-2017

20:00


Add to my calendar
entry fee(s)

17€ (adulte CAT1)
9€ (jeune CAT1)
14€ (adulte CAT2)
8€ (jeune CAT2)

Tickets

26-05-2017 20:00
vente internet à partir du 1 septembre 2016
réservation seulement par carte commande le mois d'août 2016
Kulturpass €1,50 réservation en caisse

For the advanced search select:

Events or Addresses

connect with culture