Al ginn ass näischt fir Feichlingen

Kabarä Feierstëppler

More information

(Unfortunately this text does not exist in English.)

Déi eng ginn op déi 50 lass an déi aner op déi 60. 3 Männer an 3 Fraen. Si sinn net al. Si sinn am gaang al ze ginn. Awer dat dauert nach. Alles zu senger Zäit. Elo erfëllen se sech mol nach en alen Dram. Den Dram vun enger WG. Enger Wunngemeinschaft. Dat haten se alleguer mol eng Kéier wëlles. Fréier. Alle sechs. Awer éischtens kënnt et anescht an zweetens wéi een denkt. Deen ee koum net eraus aus dem Hotel Mamma, deen aneren ass vum Kannerzëmmer direkt an d’Hochzäitsbett geplënnert an een aneren ass direkt no der Uni, wéinst dem Job, vu Land zu Land gereest an huet seng Nuechten gréisstendeels an Hotelszëmmere verbruecht. An da war nach eent, datt ass vun engem bei deen anere geplënnert an en anert… Jee, zu enger cooler Zäit an enger WG ass et jiddefalls ni komm.

Mä wéi heescht et sou schéin. Et ass ni ze spéit fir eppes gutt ze man. An lo sinn se dran, an der WG, all zesummen, eng gemëschte Sippschaft, a loossen do hiert Liewen Revue passéieren. Dat wat war an dat wat nach kënnt.

Text a Musik Balli Baldauff, Rol Gelhausen, Francis Kirps, Viv Meintz-Maas, Claudine Muno, Jay Schiltz, Serge Tonnar Et spillen Lil Feinen, Rosch Gereke, Marie-Jeanne Jacobs, Lucienne Schleimer, Rom Schleimer, Clod Thommes Regie Clod Thommes Assistenz Mireille Gereke, Christiane Thommes


Contact information for this event

Phone: 0035226 32 43 1
E-mail: info@kulturhaus.lu
Internet: www.kulturhaus.lu


Related organisations

- Mierscher Kulturhaus (Organisation), MERSCH - Luxembourg


Share this information

 
Address and map

53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE
L-7520 MERSCH
Luxembourg


Display on the map
When
Date(s) and time(s)

01-04-2017

20:00
Saturday, 01-04-2017


Add to my calendar
entry fee(s)

1.5€ (Kulturpass)
10€ (Student)
20€ (Ticket)

Tickets

01-04-2017 20:00
Tel: 0035247 08 95 1

For the advanced search select:

Events or Addresses

connect with culture