En Tiger am Rousegäertchen

Eng Farce iwwert dem Mittal seng Iwwernahm vun der Arcelor
Textfaassung: Marc Limpach Regie: Frank Feitler zesumme mam Ensemble

More information

(Unfortunately this text does not exist in English.)

Freides moies, de 27. Januar 2006, iwwerrascht de Milliardär Lakshmi Mittal de Grand-Duché mat senger OPA (offre publique d’achat) fir de Stolproduzent Arcelor, dee grad eréischt déi kanadesch Dofasco geschléckt huet. D’Land steet ënner Schock. D’Regierung kënnt op dësem Dag zesummen, awer de Premier ass op Staatsvisite am Mali. De Lëtzebuerger Staat ass mat 5,6 Prozent gréissten Eenzelaktionär vun Arcelor, mä d’Majoritéit vun den Arceloraktien sinn am Streebesëtz op de Finanzmäert: den Ausgang vum Mittal senger OPA ass komplett oppen.

D’Arcelor versicht vun Ufank un d’Offer aggressiv ofzewieren an de Codenumm vun deeër Ofwierstrategie ass „Project Tiger“. Et kënnt dobäi och zu munchen verbalen Ausrutscher vu „
Parfum“ contra „Eau de Cologne“ bis zu „monnaie de singe“ iwwer d’Stolprodukter an d’Aktien vu Mittal Steel.

D’Stéck En Tiger am Rousegäertchen ass entstan aus enger Zesummenaarbecht tëscht dem Marc Limpach an dem Frank Feitler. D’Inszenéierung, mat néng bekannte Lëtzebuerger Schauspiller erschafft, beschreift d’Schluecht tëscht Mittal an Arcelor aus enger Lëtzebuerger Perspektiv, als Gesellschaftsfarce iwwer de Konflikt tëscht nationalen Identitéiten an Intressen an der Globaliséierung, tëscht Finanzplaz an Industriegesellschaft, tëscht neoliberale Finanzmäert an dem europäesche Sozialmodell.

Textfaassung Marc Limpach mam Ensemble Regie Frank Feitler mam Ensemble Mam Luc Feit, Fernand Fox, Steve Karier, Désirée Nosbusch, Josiane Peiffer, Christiane Rausch, Annette Schlechter, Serge Tonon, Anouk Wagener Produktioun Les Théâtres de la Ville de Luxembourg Koproduktioun Kasemattentheater, Théâtre d’Esch, Trifolion Echternach


Contact information for this event

Phone: 0035226 32 43 1
E-mail: info@kulturhaus.lu
Internet: www.kulturhaus.lu


Related organisations

- Mierscher Kulturhaus (Organisation), MERSCH - Luxembourg


Share this information

 
Address and map

53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE
L-7520 MERSCH
Luxembourg


Display on the map
When
Date(s) and time(s)

21-03-2017

20:00
Tuesday, 21-03-2017


Add to my calendar
entry fee(s)

12€ (Student)
25€ (Ticket)

Tickets

21-03-2017 20:00
Tel: 0035247 08 95 1

For the advanced search select:

Events or Addresses

connect with culture