Hadir Tower
 
Hadir Tower

Hadir Tower

More information

(Unfortunately this text does not exist in English.)

Hadir-Tower ass den Numm vun engem Gebai zu Déifferdeng, dat 1964 als Direktiounsgebai vun der Hadir gebaut gouf.

Virdrun war d'Direktioun vun der Schmelz an engem Gebai aus dem Joer 1901, der Villa Hadir, ënnerbruecht. Well dës ze kleng war, an net de modernen Uspréch ugepasst war, gouf 1962 mat den Aarbechten un engem neie Gebai ugefaangen, dem Hadir-Tower. Et huet 8 Stäck ass 34,75 m héich, a seng stole Struktur aus Grey-Träger, dem wichtegste Produkt vun der Schmelz, ass sichtbar gelooss ginn. D'Façade war aus Glas an aus blo-grénge Paneauen, typesch fir d'Architektur vun den 1960er Joren, an an der Entréeshal gouf et eng Trap, déi u stole Seeler houng, e Waasserbaseng an e ganze Koup Gréngs.

Mee d'Gebai sollt net laang säin ursprénglechen Zweck erfëllen: Schon 1965 huet d'Arbed d'Majoritéit vun den Hadirs-Aktien iwwerholl, an 1967 hunn déi zwou Gesellschafte komplett fusionéiert. D'Direktioun ass deemno an d'Stad an d'Arbedsgebai geplënnert.

An den 1990er Joren huet de CEPS/INSTEAD sech dran ageriicht, ier en dann uganks vun den 2010er Joren op de Belval geplënnert ass. Zënterhir steet d'Gebai eidel, an en huet net laang gedauert, ier et Affer vu Vandalismus gouf. 2014 huet de Gemengerot d'Genehmegung ginn, et ofzerappen.

Et gouf Protester vu Leit, déi fréier do geschafft hunn, mee och vun Architekten, wéi dem Jim Clemes, déi den (industrie-)historeschen, architektoneschen an urbanistesche Wäert vum Gebai ervirhiewen, a virgeschloen hunn, et no Beispiller am Ausland fir aner Zwecker ëmzebauen an ze revaloriséieren. Den 18. Juni 2014 huet d'Gemeng Déifferdeng Gréng Luucht gi fir e Kaf-Kompromis z'ënnerschriwwen, fir der ArcelorMittal deen Terrain ofzekafen, op deem ë.a. den Hadir-Tower steet. Een Deel vum Terrain soll un de Staat viruverkaf ginn, fir drop en neie Lycée ze bauen; d'Zukunft vum Rescht - an domat déi vum Tuerm - ass, uganks September 2014, ongewëss.


Share this information
 
 
Address and map
Hadir Tower

44 rue Emile Mark
L-4620 DIFFERDANGE
Luxembourg


For the advanced search select:

Events or Addresses

connect with culture