Peffermillchen
 
Peffermillchen (© Peffermillchen)

Kabaret Peffermill(ch)en

Summary

(Unfortunately this text does not exist in English.)

D'Peffermill(ch)e mécht literareschen, sozialkriteschen a politesche Kabaret a lëtzebuerger an däitscher Sprooch, Texter a Chansonë vun den 20er Jore bis haut vu lëtzebuerger an däitschsproochegen Auteuren.
Hir Bühn ass elo an der Brasserie Neimënster am Gronn an der Stad, wou si an onregelméissegen Ofstänn, am Duerchschnëtt all zwee Joer, en neie Kabaretprogramm weist. Duerno geet d'Peffermill(ch)en och op Invitatioun vu Frënn vum Kabaret a Kulturkommissiounen op Tournee uerchter d'Land.
Esou e Kabaretprogramm steet ënnert engem Thema mat engem roude Fuedem, wëllt ni en Nummerekabaret sinn, mee e Ganzt, wou d'Peffermill(ch)en aus verschidde Bléckwénkelen dat beliicht, wat hir wichteg schéngt gesot an diskutéiert ze ginn.
Dobäi ass den Toun frësch, ironesch, satiresch, lëschteg a kann och mol eescht oder nodenklech sinn.
A wann de Kabaret schonn net bewierkt d'Mënschen ze veränneren, da soll en awer wéinstens eng pickeg a gepeffert Ënnerhalung sinn, och emol ustoussen an en Denkustouss ginn.



 


Share this information
 
 
Address and map
Kabaret Peffermill(ch)en

44 RUE DU SCHLAMMESTEE
L-5770 WEILER-LA-TOUR
Luxembourg


Contact
Phone:

-26670644

E-mail:

denise.ruppert@peffermillchen.lu

Internet:

www.peffermillchen.lu


Add to my addressbook
For the advanced search select:

Events or Addresses

connect with culture