Affiche Carmen ESCH

Affiche Carmen ESCH

Carmen an 100 Minutten!

Produktioun : Opéra du Trottoir
Georges Bizet

Mehr Information

(Leider existiert dieser Text nicht in deutsch.)

D’Botzequipe vum Theater ass just nach
am Gaang e puer lescht Stëpskäre vun
der Bühn ze wëschen, wéi d’Direktesch
erakënnt an dem Publikum matdeelt, datt
d’Oper – wéinst enger Grippenepidemie
ënner dem Sängerensemble – net gespillt
ka ginn. Verschidde Spectateure reege sech
verständlecherweis op a wëllen hir Suen
zeréck. Obwuel d’Chefin vun der Botzfirma
ubitt, d’Virstellung mat hirer Equipe ze
retten („Oper kann dach net esou schwéier
sinn...“), deelt d’Theaterdirektesch mat, datt
zousätzlech och nach den Orchester am Streik
ass!

Glécklecherweis ass vum Kannertheater
virmëttes, esou eng Aart Dréiuergel op der
Bühn stoe bliwwen an engem genësserlechen
Operenowend steet also näischt méi am Wee.

Et fänkt grad esou bombastesch un ewéi am
Original an hält grad esou tragesch op: zwee
Doudeger (d’Carmen an de Stéier) an e ganze
Koup séilesch schwéier Blesséierter.

Dir erlieft d’Versioun vun der Opéra du
Trottoir an de Kostümer vum Yannchen
Hoffmann, mam Bühnebild an der
Inzenéierung vum Carlo Hartmann.

Arrangement, Bünebild
an Inszenéierung :

Carlo Hartmann
Ausstattung :
Yannchen Hoffmann
Provisoresch Besetzung :
Monique Biren, Al Ginter, Carlo
Hartmann, Yannchen Hoffmann,
Claude Kraus, Serge Losch, Daniel
Ruiz, Jean-Nico Schambourg,
Annette Schlechter, Stéphanie
Schlink, Ursula Thies, Dany Weiler

 


Verbundene Organisationen

- Théâtre municipal d'Esch-sur-Alzette (organisation), ESCH-SUR-ALZETTE - Luxembourg


Diese Information teilen

 
Adresse und Karte

122 rue de l\'Alzette
L-4010 ESCH-SUR-ALZETTE
Luxembourg


Auf der Karte anzeigen
Wann
Termin(e) und Uhrzeit(en)

21.12.2016

20:00
Mittwoch, 21.12.2016


Zu Kalender hinzufügen
Eintrittspreis(e)

8€ (jeune CAT2)
14€ (adulte CAT2)
9€ (jeune CAT1)
17€ (adulte CAT1)

Tickets

21.12.2016 20:00
vente Internet à partir du 1er septembre 2016
réservations seulement par carte commande pendant le mois d'août 2016
Kulturpass € 1,50 - réservation en caisse

Zur Suche wählen Sie zwischen:

Events oder Adressen

connect with culture