COCO_CHANEL_0433

COCO_CHANEL_0433

Cocóóó Chanël : den Ubu als Kinnik

Koproduktioun : Théâtre National du Luxembourg, Escher Theater, Cube 521 Marnach
Nom Wierk Ubu Roi vum Alfred Jarry, an d'Lëtzebuergescht iwwerdroen vum Krëscht Clement

Mehr Information

(Leider existiert dieser Text nicht in deutsch.)

En Anti-Klassiker aus der karnavalesker
Literatur, deen d’Spill mat der Muecht an
der giereger Panz vum Ubu/Uppert, op
Lëtzebuergesch mat liicht germanophonem
Accent.

Di éiweg Aktualitéit allerdéngs vun dem
Uppert senger giereg-infantiler Quête no
Suen a Muecht, déi vun Topechkeet nëmmen
esou strotzt, brauch ee bei dësem Wierk jo
wuel kaum ervirzehiewen. Den Ubu ass a
bleift e Wierk, wat sech vu leider ëmmerwouere
Groteskerien niert: de moderne
Mënsch, den Egoist, den haselegen, gieregen,
de Fendelchen am Wand. Och wann et haut
net méi di klassesch Bourgeoisie ass, di sech
d‘Fanger leckt an hier Positiounen a Rollen
ausnotzt, ass déi Zuucht nawell laang net
ausgestuerwen. A si mer net och all heiansdo
e bëssen Ubu, a wëllen de Kinnik muerkse, fir
u säi „Cocó“ ze kommen? Mee natierlech ass
dat eppes wouriwwer een net schwätzt…

D’Adaptatioun Cocóóó Chanël: den Ubu
als Kinnik nom Wierk i Ubu Roi vum
Alfred Jarry niert sech aus der Dynamik/
Dissonanz tëschen zwou Lëtzebuerger
Sproochformen: Eng méi klassesch gehuewen,
iwwernatierlech, aristokratesch an hallef
erfonnt, dérapéiert régelméisseg an dem
Uppert seng Grossiertéiten. An engem jonken
Lëtzebuergesch, sou wéi d’Jugend et an der
Strooss kinnt schwëtzen an enger anerer Welt:
e bëssen Dada, e bësse Punk.

Dass awer all di Mëllerten un der Muecht,
real oder am Theater – och wa mer am Ufank
mussen iwwert se laachen – um Enn an
hierer onbrëmsbarer Muechtgäilheet, wéi am
Original vum Shakespeare wahnsinneg, an
doduerch wierklech geféierlech, ongebremst
gewalttäteg an onberechenbar ginn, wësse
mer zwar an Theorie, mee gesi maache mer et
ëmmer eréicht wann d’Situatioun agetrueden
ass.

Regie :
Anne Simon
Musék :
Krëscht Clement
Bühn :
Christoph Rasche
Kostümer :
Jasna Bosnjak
Maquillage :
Joel Seiller
Assistenz :
Tom Dockal

Mat :
Marc Baum, Maximillien Jadin,
Steve Karier, Sophie Langevin,
Pitt Simon, Anouk Wagener

 


Verbundene Organisationen

- Théâtre municipal d'Esch-sur-Alzette (organisation), ESCH-SUR-ALZETTE - Luxembourg


Diese Information teilen

 
Adresse und Karte

122 rue de l\'Alzette
L-4010 ESCH-SUR-ALZETTE
Luxembourg


Auf der Karte anzeigen
Wann
Termin(e) und Uhrzeit(en)

15.12.2016 - 16.12.2016

20:00


Zu Kalender hinzufügen
Eintrittspreis(e)

9€ (jeune CAT1)
17€ (adulte CAT1)

Tickets

15.12.2016 20:00
vente Internet à partir du 01/09/2016
réservation seulement par carte commande pendant le mois d'août 2016
Kulturpass € 1.50 - réservation en caisse
 

Zur Suche wählen Sie zwischen:

Events oder Adressen

connect with culture