E Living an Amerika

Eng musikalesch Satir
Roland Gelhausen, Jacqueline Posing, Georges Urwald

Mehr Information

(Leider existiert dieser Text nicht in deutsch.)

Um Enn vum 19. Joerhonnert kämpft eng Famill aus Mamer all Dag, wéi vill aner Famillen zu där Zäit, ëm d’Iwwerliewen. D’Zäite si schlecht zu Lëtzebuerg. De Papp huet keng Aarbecht méi an d’Famill fänkt un Honger ze leiden. Si denken driwwer no d’Land ze verloossen an de Papp decidéiert datt hien, mat senger Fra an den zwee Kanner, an Amerika auswandert. Dei ganz Famill mëscht sech op de Wee op eng laang a beschwéierlech Rees. Mee wéi si bis op där anerer Säit vum grousse Pull ukomm sinn, entdecken si eng nei Welt. Eng ganz nei a komesch Welt. Awer fannen se och hiert Gléck? Dat ass eng aner Fro…

Eng ural Story? Villäicht. Eng Schnok vu fréier? Eventuell. Een historesch korrekt erzielten Drama? Neen. D’Geschicht widderhëlt sech an Parallelen zu haut sinn net ze iwwersinn. Genee wéi dës Famill vu Mamer, sinn zanter éiwegen Zäiten Leit ënnerwee op der Sich nom Gléck, no Sécherheet, no Fridden. Oder einfach no enger Verännerung.

E Living an Amerika – eng witzeg Farce, deelweis absurd an oft ganz grotesk, mat uspriechender Musek a flotte Gesangspassagë fir Solisten a Chouer.

Text Roland Gelhausen Regie Jacqueline Posing Musek Georges Urwald Bühnebild Christoph Rasche Kostümer Christian Klein Choregraphie Michel Raphael Turpel Mam Eugénie Anselin, Al Ginter, Carlo Hartmann, Steven Klopp, Monique Melsen, Michel Raphael Turpel, Gemëschte Chouer Live Orchester Cembalo Georges Urwald Braatsch Renata van der Veyver Akkordeon Nataša Grujovi Tenorsaxofon Pol Dahm Sousafon François Ewen Perkussioun Franck Hemmerlé Gemëschte Chouer en cours de distribution Koproduktioun Théâtre National du Luxembourg, Kinneksbond, Centre Culturel Mamer, Yves Bourgnon


Kontakte zu dieser Veranstaltung

Telefon (Kontakt): 0035226 32 43 1
E-mail (Kontakt): info@kulturhaus.lu
Internet: www.kulturhaus.lu


Verbundene Organisationen

- Mierscher Kulturhaus (Organisation), MERSCH - Luxembourg


Diese Information teilen

 
Adresse und Karte

53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE
L-7520 MERSCH
Luxembourg


Auf der Karte anzeigen
Wann
Termin(e) und Uhrzeit(en)

05.03.2017

Sonntag, 05.03.2017


Zu Kalender hinzufügen
Eintrittspreis(e)

27€ (Ticket)
1.5€ (Kulturpass)
14€ (Student)

Tickets

05.03.2017 17:00
Tel: 0035247 08 95 1

Zur Suche wählen Sie zwischen:

Events oder Adressen

connect with culture