Logo_Fête_de_la_Musique

Logo_Fête_de_la_Musique

SERGE TONNAR & LEGOTRIP

BOMMELEEËR BUDDHA

Slideshow
Legotrip 2
Legotrip

Zusammenfassung

Legotrip kommen mat hirem neien Album op Mamer 


Mehr Information

AM KADER VUN DER "FÊTE DE LA MUSIQUE 2017"

OPEN AIR CONCERT

"Ech si keen domme Jeeër, mee de Bommeleeër. Mee meng Bomme sinn sou faarweg ewéi Ouschtereeër." 
(aus "Ech sinn de Bommeleeër") 

"Du kanns mech gläich e Buddha nennen, well ech sinn ewell déck Zen ginn. A fréier hätt ech engem Spack wéi dir am léifsten eng an d'Zänn ginn. Aplaz d'Revolutioun ze maachen, wëll ech haut dass mir eis d'Hänn ginn. Dat heescht awer nach net, dass ech vum domme Sabbele well e Fan sinn."
(aus "Eng déck Schnëss")

De Bommeleeër an de Buddha leie wäit auserneen, an dach huet jidderee vun eis e bësse vun deenen zwee a sech. Um Serge Tonnar sengem neie Wierk mat Legotrip, op deem 18 Stécker z'entdecke sinn, geet et ëm d'Roll vum Mënsch a vum Kënschtler, tëscht dem Bommeleeër, also dem aktiv an der Gesellschaft implizéierten an engagéierte Bierger, an dem Buddha, oder dem Philosoph deen, aus enger spiritueller Distanz, e liicht ironesche Bléck op déi selwecht Gesellschaft gehäit. An déi zwee sinn, méi wéi ëmmer, néideg fir als "Mënsch deen dësen Numm och verdéngt" duerch d'Liewen ze trëppelen, och wann et an Verloscht heescht: "Mir ginn net duerch d'Liewen, d'Liewe geet duerch ons". De Bommeleeër ass hei natierlech net den Terrorist, mee de Kënschtler, dee mat faarwege Bommen aus Wierder an Noute säi Bäitrag fir déi bescht méiglech Gesellschaft leescht. An am Buddha ass d'Distanz déi e brauch, fir iwwert säi klengen Ego, säi Lego a säin Trip eraus ze wuessen, an eens mat der Welt ze ginn an ze sinn. Musikalesch ginn d'Influenze vu Volleksmusek iwwer Hiphop, Blues, Gospel, Reggae bis Salsa an Tango.
 


Diese Information teilen

Verbundene Veranstaltungen

 
 
Adresse und Karte

42 ROUTE D'ARLON
L-8210 MAMER
Luxembourg


Auf der Karte anzeigen
Wann
Termin(e) und Uhrzeit(en)

21.06.2017

20:00
Mittwoch, 21.06.2017


Zu Kalender hinzufügen
Eintrittspreis(e)

Eintritt Frei (Fräien Entrée (an der Limite vun de verfügbare Plazen))

Zur Suche wählen Sie zwischen:

Events oder Adressen

connect with culture