Foto Route 66

Foto Route 66

Exposition "Art 4 My Soul"

71e Salon de l'Art Vivant | Invitée d'Honneur: Patricia Lippert

Mehr Information

(Leider existiert dieser Text nicht in deutsch.)

Den Art Vivant feiert 2016 seng 72 Joer, 72 Joer, déi duerchdränkt woare vu Foarwen, Konscht, Kultur an och vu mënschleche Kontakter a Kreativitéit verbonne mat vill Freed a Schaffen. Et war eng Mëschung vu Kultur a Kulturen, Schweess a Freed an och mol Tréinen, déi den Art Vivant zu deem gemaat hunn, wat hien elo ass.

D’Konscht léisst sech net festleeën; si ass widderspréchlech an huet en extrem verännerlecht Banneliewen voller Emotiounen mat Héichten an Déiften. All eenzelne Kënschtler ass op seng Manéier gerad esou komplex an intressant.

Am Art Vivant kann ee sech entwéckelen, sech goe loossen an de Risiko och mol huelen, eppes komplett Neits ze presentéieren an ze probéieren, esou datt een de Kënschtler gerad esou wéineg festleë ka wéi seng Gefiller oder seng Konscht, déi hien am Art Vivant stéckelchesweis virféiert.

Den Art Vivant war ëmmer lieweg an dat soll hien och weiderhi sinn, ouni u Qualitéit ze verléieren. Et soll eng Plaz sinn, wou Kënschtler sech begéinen, fir Iddien ze deelen, sech begéinen, sech erëmgesinn, sech weiderhëllefen an de Leit hir Konschtwierker weisen. Nei Saache solle gewisse ginn, nei Kënschtler opgeholl ginn ouni awer datt déi, déi scho laang derbäi sinn, d’Gefill hunn, si géinge verdriwwe ginn.

Den Art Vivant ass en Haus vun enger grousser Famill, wou intressant Gespréicher gehaale ginn, wou zesumme gemoolt oder och einfach gelaacht gëtt. Intressant an ureegend Ausstellungen am In- an Ausland gi mer och zesumme kucken.


Kontakte zu dieser Veranstaltung

Telefon (Zentrale): 0035258771-1900
E-mail (Info): culturel@differdange.lu
Internet: www.differdange.lu


Diese Information teilen

 
Adresse und Karte

rue Rattem
L-4671 DIFFERDANGE
Luxembourg


Auf der Karte anzeigen
Wann
Termin(e) und Uhrzeit(en)

10.12.2016 - 23.12.2016

16:00 – 19:00
Samstag, 10.12.2016
Sonntag, 11.12.2016
mehr


Zu Kalender hinzufügen
Eintrittspreis(e)

Eintritt Frei

Zur Suche wählen Sie zwischen:

Events oder Adressen

connect with culture