Beyond My Eyes

27 mar. 2024
Beyond My Eyes

Beyond My Eyes © Lynn Theisen
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer
Foto: Beyond My Eyes © Lynn Theisen

„Net all Mënsch fënnt d’Wierder fir dat ze soen, wat en denkt oder wat e fillt,“ sou d’Séverine Peiffer. Heiansdo brauch et dofir e Pinsel, e Piano oder e Reim. Grad de Jonken d’Outilen an d’Hand ze drécken, sech kënschtleresch Gehéier ze verschafen, dat ass, sou d’Fotografin, d’Häerz vum Projet „Beyond My Eyes“.

Mécht een eng Expo fir déi Jonk, kommen nëmme Jonker. Mécht een eng fir déi Al, kommen nëmmen Aler. Sielen kräizen sech d’Welten, sou d‘Séverine. D’Kënschtlerkollektiv Beyond My Eyes wot de Spagat. 13 etabléiert Artist*innen an 13 jonk Talenter, regroupéiert an 13 Binômer, sichen an hire jeeweilegen Disziplinnen Äntwerten op d’Fro: Wien sinn ech?

Ech treffen d’Martine Breuer, d‘Séverine Peiffer an d’Carmen Cavaco bei den Opbauaarbechte fir déi zweet Editioun vun hirem ongewéinlechen Ausstellungsprojet an de Rotonden. De Sujet ass, ewéi scho beim Original, d’Identitéit – dës Kéier en relation mat der Zäit.

Séverine Peiffer, Martine Breuer a Carmen Cavaco © Ben Kraemer
Séverine Peiffer, Martine Breuer a Carmen Cavaco © Ben Kraemer

Dialoger tëschent Konfrontatioun a Kooperatioun

„D’Artiste mussen oft selwer hannert hiren eegene Bléck kucke fir sech ze expriméieren“, sou d’Séverine. Déi eege Perspektiv ze hannerfroen a säi/hire Bléckwénkel ze erweideren, dat ass net nëmmen d’Zil vun den Artist*innen vu Beyond My Eyes, mee dat ass och wat d’Kollektiv sech vun de Spectateuren a Spectatricen erhofft.

An der Ausstellung setzen sech 26 Kënschtler*innen op ganz verschidden Aart a Weise mat Identitéit auserneen an trieden an e kënschtlereschen Dialog mat hire jeeweilege Partner*innen. Heibäi trëfft Jonk op Al. Romantiséiert, villäicht och naiv Virstellunge prallen op méi ofgeklärten, deels desillusionéiert Weltsiichten. An dësem Spannungsfeld ginn d’Artist*innen wéi och d’Visiteuren a Visiteuse mat Perspektive konfrontéiert, déi hier eege mol konfirméieren, mol kontrastéieren.

Beyond My Eyes © Lynn Theisen
Beyond My Eyes © Lynn Theisen

D‘Thema ronderëm d’Identitéit gëtt an der Expo bewosst oppe gehalen, soudass d’Binômen am Choix vun hire Froen an der preferéierter Technik fräi waren. Och – awer net nëmmen! – dem Alter geschold, leien d’Artist*innen mat hiren Äntwerte mol no beieneen, mol diametral géigeniwwer. Wärend munch Ekipp, wéi d‘Séverine Peiffer an d’Lisa Folschette, inhaltlech op enger Linn leien a beispillsweis eng änlech Vue op d’Bedeitung vum Passé fir d’Konstruktioun vun der Identitéit deelen, sinn aner Dialoger éischter konfrontativ. Sou gräift d‘Fotografin Jeannine Unsen an hirer Konscht beispillsweis en essenzialisteschen Identitéitsbegrëff op, wärend hier Partnerin, d’Claudia Pigat, Identitéit als e lafenden Transformatiounsprozess versteet.

Beyond My Eyes © Lynn Theisen

Eng Bün fir Jonk an Al

Duerch den Dialog erhofft sech d’Ekipp vu Beyond My Eyes en Austausch tëscht de jonken an de méi ale Participanten. Déi Jonk wieren oft nach op der Sich no sech selwer a kéinten, sou d’Carmen Cavaco, vun dem Input vu méi erfuerene Kënschtler*inne profitéieren – professionell wéi mënschlech. Donieft geet et dem Martine Breuer och drëms, „fir hinnen eng Chance ze ginn“ an hinnen an de Rotonden eng Plattform ze bidde fir hir Aarbecht – oft fir d‘éischte Kéier – dem Public ze presentéieren. Op der anerer Säit ginn hier méi erfuere Konterpartien, déi, sou d’Carmen, „vläicht mengen, sech scho fonnt ze hunn“, mat jugendleche, onverfälschte Siichten op d’Liewe konfrontéiert, déi hier etabléiert a villäicht deels festgefuere Vuen op sech an d’Welt verännere kënne, wann se sech dorop aloossen. „Dat ganzt soll mutuellement bénéfique sinn“, sou d’Séverine.

Beyond My Eyes © Lynn Theisen
Beyond My Eyes © Lynn Theisen

26 Artist*innen, 26 Exponater. Wat da besonnesch erausstiecht, froen ech déi dräi. „D’Villfalt“, erkléngt et am Chouer. Sou verschidden d’Froe sinn, déi sech d’Binômer gestallt hunn, sou ënnerschiddlech sinn och hir Methode fir d’Äntwerten ze fannen. D’Fanny Omes an de Milo Hatfield sichen d’Konfrontatioun mam Doud, hat duerch d’Presentatioun vun deelweis verdeckten ale Familljefotoen, hien duerch d‘Editioun vun engem Buch mat Doudesannoncen aus dem Luxemburger Wort, déi hie wärend engem Joer gesammelt huet. Aner Artist*innen fannen hire kënschtlereschen Ausdrock a gestréckte Portraiten, abstrakte Ganzkierperofdréck op wäisser Leinwand oder enger plastescher Nobildung vum Otem.

Vernissage, Beyond My Eyes © Mike Zenari
Vernissage, Beyond My Eyes © Mike Zenari

„Et geet wierklech ëm den Dialog an den Echange“, stellt d’Séverine ofschléissend fest. „D’Zil ass et, Froen ze stellen a Reaktiounen ze kréien, ob se elo gefalen oder net. Den Discours, dat ass d’Konscht.“ An der Expo Beyond My Eyes. In Search of Identity II – Through Time invitéieren d’Artist*innen domat Jonk an Al op eng introspektiv Rees, op der Sich no hirer Plaz an der Welt.

D’Ausstellung an de Rotonden ass nach bis de 14. Abrëll 2024 ze gesinn a gëtt gerummt vun zwee Zeechen- an engem Fotografie-Workshop, déi d’Thema Identitéit ënnert anerem och fir de ganz jonke Public opbereeden.